SPEDENER Jean-Claude
 
 

Member vu Fokus

säit dem 9te Mee 2022
AEMD

Éischte President vun der
"Amicale voan den Eechternoacher Massdéiner" (a.s.b.l.)

No Jore vun der Preparatioun, gouf endlech d'Amicale vun den Eechternoacher Massdéiner gegrënnt.

säit September 2021
CSV

Interimssekretär vun der CSV-Sektioun Rouspert-Mompech

Als Konsequenz vu mengem Resultat bei de Gemengewalen 2017, hunn ech mech net op de Poste vum Sekretär fir déi nei CSV-Sektioun Rouspert-Mompech gemellt. Bis en neie Sekretär fonnt ass, hunn ech mech bereet erkläert den Interim ze maachen.

Februar 2018 - 20te Mäerz 2019

Kandidat bei de Gemengewalen
an der Gemeng Rouspert-Mompech

Weider Informatiounen 8ten Oktober 2017

Grënnungsmember an éischte President vun de
"Frënn vun de Kierchen aus der Gemeng Mompech" (a.s.b.l.)

Nodeems vill Leit, mat Suerg, den Dossier vun der sougenannter "Trennung vu Kierch a Staat" verfollegt hunn, gouf an der Gemeng Mompech eng a.s.b.l. gegrënnt, déi sech den Erhalt vun de Kierchen um Terrain vun der Gemeng Mompech op de Fändel geschriwwen huet.

säit August 2016 (President bis 22te Mee 2019)

Responsabel fir d'Informatik
um Kulturministère

2015 gouf mir ugebueden, fir Responsabel fir d'Informatik um Kulturministère ze ginn.

Aufgaben:
- Koordinatioun vun den IT Projeten:
Ministère de la Culture (MC),
Lëtzebuerger online Dictionnaire (LOD) - bis 2018,
Commissariat à l'enseignement musical (CEM) - bis 2018,
Aner Entitéite vum Ministère
- Moderniséierung vun der interner IT-Infrastruktur
- Gestioun vum Informatikmaterial
- Programmatioun
- Formatioun vu Stagiairen (Informatik)
- Helpdesk

säit dem 1ten Dezember 2015

Comitésmember bei der Burer Musik

Mäerz 2015 - 27te Mäerz 2022
CSV

Sekretär vun der CSV-Sektioun Mompech

9te Mäerz 2015 - 25te Februar 2018

Member am Service Historique
vun der Gemeng Mompech

säit August 2014
CSV

Comitésmember vun der CSV-Sektioun Mompech

Mäerz 2014 - 20te Februar 2022

Kandidat bäi de Komplementarwalen
an der Gemeng Mompech

Nodeems ech 2011 aus gesondheetleche Grënn bäi de Gemengewalen net konnt matgoen, war ech Kandidat bei de Komplementarwalen 2014.

19te Januar 2014
CSV

Member vun der CSV

September 2013 - 20te Februar 2022

Responsabel fir d'Informatik
um Ministère vum ëffentlechen Déngscht

2012 hunn ech mech op de Poste vum Responsabel fir d'Informatik um Ministère vum ëffentlechen Déngscht gemellt.

Aufgaben:
- Koordinatioun vun den IT-Projeten:
Ministère de la Fonction publique et de la Réforme administrative (MFPRA);
Administration du personnel de l'Etat (APE);
Administration des services médicaux (ASM);
Commissariat du Gouvernement chargé de l'instruction disciplinaire (CGID);
Institut national d'administration publique (INAP);
Service national de la sécurité dans la fonction publique (SNSFP)
- Moderniséierung vun der interner IT-Infrastruktur
- Gestioun vum informatik Material
- Helpdesk

15ten November 2012 - 30ten November 2015

Papp vun engem Meedchen

säit Juni 2010

Wunnsëtz zu Bur

säit dem 30te Juni 2009

Bestued mam Corinne Wiltgen

säit dem 2te Mee 2009

Techniker am Beräich Informatik bäi der
Nationalbibliothéik Lëtzebuerg

An der Nationalbibliothéik hat ech de Poste vum Informatiker.

Aufgaben:
- Gestioun vum Informatikmaterial
- Helpdesk

1te Mäerz 2005 - 31ten Dezember 2012

Diplom vum Techniker am Beräich Informatik

September 2004

Lycée technique des Arts et Métiers

10ème - 13ème

2000 - 2004

Lycée technique Echternach

7ème - 9ème

1996 - 2000

Primärschoul Iechternach

1990 - 1996

Spillschoul Iechternach

1988 - 1990

Zu Lëtzebuerg gebuer, an zu Iechternach opgewuess

19ten August 1984