Gemengewalen 2017

Rouspert-Mompech zesumme wuesse loossen

Léif Matbierger,

no dem positiven Ausgang beim Referendum zur Fusioun vun de Partnergemenge Rouspert a Mompech, bidd sech ons elo d‘Chance, d‘Weiche fir d‘Zukunft ze stellen.

Duerch meng Aarbecht op zwee Ministèren hat ech ewell d'Geleeënheet, un de Fusioune vu verschiddenen Administratiounen matzewierken. Dat komplett Potential vun enger Fusioun ka sech eréischt entfalen, wann d'Administratioune richteg matenee verschmolz sinn.

Ee Schlëssel fir de Succès ass ëmmer eng detailléiert Dokumentatioun vun de Prozeduren, d.h. wéi d'Aarbecht an de Servicer, an de Kontakt mam Bierger oflafen. Dëst hëlleft ze erkennen, wéi déi gemeinsam Charge richteg kënnen opgedeelt ginn an d'Leit an d'Resourcen perfekt agesat ginn.

Ee bis zwee Joer no enger Fusioun, wann d'Servicer Geleeënheet haten sech anzerodéieren, ass et vu Virdeel een Tëschebilan an der Administratioun ze zéien. Heifir géif et sech ubidden, eng Auto-Evaluatioun ze maachen. Dësen Exercice géif et erlaaben, kloer ze gesinn wat positiv leeft, a wou nach Sputt fir Verbesserungen ass.

An eng Fusioun brengt all Säit och hire Balast an hir Gewunnechte mat. Sech mat dësem Balast auseneen ze setzen ass wichteg, fir nei gemeinsam Gewunnechten entstoen ze loossen.

De Wee dohi kéint duerch d‘Opschaffe vum Archiv an dem Opbau vun enger ëffentlecher Bibliothéik erliichtert ginn.

En Archiv fir d‘Zukunft

Déi richteg Formatioun vum Responsabel vun der Bibliothéik géif et zousätzlech erlaben, d‘Bierger bäi den Online-Démarchen ze ënnerstëtzen an doduerch eng gewësse Proximitéit fir verschidden Déngschter um Terrain vun der fréierer Gemeng Mompech ze behalen.

Duerch d‘Gesetz iwwert d‘ëffentlech Bibliothéiken kéint d‘Gemeng vun enger Subventioun op de Personalkäschten an de Käschte fir d‘Bicher profitéieren.

Andeems ee lues awer sécher op de Wee vun der systematescher Digitaliséierung vum Archiv géif goen, kéinten d‘Informatiounen dem Sekretariat méi séier zougänglech gemaach ginn.

Traditiounen a Wäerter

En digitaliséiert Archiv géif och de lokale Geschichtsfrënn an dem Service Historique hëllefen, d‘Vergaangenheet ze beliichten an ons Traditioune lieweg ze halen.

Den Erfolleg vu rezenten Ausstellungen a Publikatiounen an onser Gemeng weist, datt de Leit d‘Geschicht an d‘Traditiounen um Häerz leien. Et wär wichteg eng Plaz ze fannen, wou Ausstellunge kéinten iwwert e längeren Zäitraum gewise ginn. Esou kéinten op ausgewielte Plazen oder laanscht weidere Spadséierweeër informativ Panneauen zur Ëmgéigend opgestallt ginn.

An enger Welt wou permanent alles méi séier geet, ass et wichteg, sech op d‘Rouh an d‘Traditioun ze besënnen. Och an Zäite vu GPS kann eng schéi Kierch am Zentrum vum Duerf nach als Orientéierungshëllef déngen, sief et spiritueller oder geografescher Natur.

Déi flott Architektur an déi schéi Géigestänn verleeden och Leit déi net reliéis sinn, emol e Bléck an eng Kierch ze woen. Et ass dofir wichteg datt d‘Gemeng weiderhin Initiativen ënnerstëtzt, déi sech fir den Erhalt vun onse Kierchen an historesche Bauten asetzen.

Zesummeliewen an Intégratioun

Um kulturelle Plang, brauch sech déi nei Gemeng Rouspert-Mompech net ze verstoppen. Fir den Erhalt vun der grousser Diversitéit vun onser Veräinslandschaft ass den Nowuess wichteg.

An deem Sënn wär et interessant de Gemengebuet opzewäerten an doraus eng attraktiv Zäitschrëft ze maachen. Iwwert dee Medium kéint souwuel d‘Aarbecht vun de Kommissiounen an de Gemengeservicer valoriséiert ginn, wéi och d‘Veräiner sech an hir Manifestatioune virstellen. Op déi Manéier kéinten nei Membere rekrutéiert ginn an d'Integratioun vun de Leit, déi grad an d'Gemeng geplënnert sinn, vereinfacht ginn.

D‘Veräiner an d‘Maison Relais bréngen haut schonn d'Leit aus der Fusiounsgemeng zesummen. Och déi flott Spillplaz zu Rouspert zitt d‘Eltere mat hire Kanner vun no a wäit un. Op aneren Dierfer ass d‘Angebot fir d‘Kanner wesentlech manner attraktiv.

Et wär wichteg, déi existent Spillplazen op de Stand vun der Zäit ze bréngen an ze kucken datt all Duerf, a Funktioun vu senger Awunnerzuel, wéinstens eng minimal Offer fir d‘Kanner zur Verfügung stellt.

Attraktivitéit an Tourismus

D'Gemeng Rouspert-Mompech huet vill ze bidden. Et ass allerdéngs net ëmmer evident fir sech en Iwwerbléck iwwert déi komplett Offer ze verschafen.

Eng interaktiv Kaart, op Basis vum Geoportail, kéint de Leit souwuel d'Offer vun de Veräiner an de lokale Produzenten, wéi och déi bestoend Infrastruktur, méi no bréngen. Dovu géife souwuel d'Bierger aus der Gemeng profitéieren, wéi och d'Touristen déi hiren Ausflug an ons Géigend plangen.

Och fir kleng bis mëttel Betriber kann ons Gemeng attraktiv sinn. Virun allem Start-Ups a Firmen déi Wäert op Nohaltegkeet leeën, kéint ee probéieren unzezéien. Si kéinten sech hei néierloossen, ouni datt et en Impakt op de ländleche Charakter vun onser Gemeng hätt.

Leit vun auswäerts, déi duerch esou Betriber géifen an d'Gemeng schaffe kommen, kéinten och mëttes positiv fir ons Restauranten sinn.

Qualitéit

Déi grouss Liewensqualitéit, déi mir genéissen, kënnt net vun näischt. Et ass dofir wichteg weiderhin an d'Infrastruktur ze investéieren, déi mir fir ze liewe brauchen an dofir ze suergen datt d'Nohaltegkeet dobäi weiderhi grouss geschriwwe gëtt.

Et läit un ons d'Natur ze schützen an onse Kanner eng gesond Welt ze hannerloossen. Initiative, wéi den Naturpark Mëllerdall, sinn dofir wichteg a musse weider ausgebaut ginn.


SPEDENER
Jean-Claude Grégoire Léon

30, an der Aa
L-6660 BORN

jc@spedener.net
@spedener
+352 661319994

www.spedener.net